Aktualiséiert den
De Kulturministère huet néng Opträg fir Musekskompositioune vu Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg usässeg Komponist/innen an Optrag ginn
Am Kader vu sengem Programm fir ëffentlech Kommissioune fir Musekskompositiounen huet de Kulturministère néng Opträg fir Kompositioune vu Lëtzebuerger oder zu Lëtzebuerg usässeg Komponist/inne fir d'Saison 2021-2022 verginn.
23 Komponist/innen hu sech op den Appel à projets, deen den 18. Mäerz 2021 vum Kulturministère lancéiert gouf, gemellt. Dobäi konnt all Kandidat/in fräi aussichen, fir wéi een(eng) Ensembel(en) en/si eng Kompositioun vun enger Mindestdauer vun 8 Minutte schreiwe wéillt.
Déi néng Ensembelen an Orchesteren, déi um Projet bedeelegt sinn, hunn all d'Dossieren déi eragereecht goufen evaluéiert an hu folgend Komponist/inne selektionéiert:
- Marc Desorbay fir d'Musique militaire grand-ducale
- Marco Pütz fir de Luxembourg Wind Orchestra
- Gilles Noesen fir de Luxembourg National Jazz Orchestra
- Caroline Mirkes fir Ars Nova Lux
- Olivier Dartevelle fir d'Solistes Européens Luxembourg
- Gast Waltzing fir United Instruments of Lucilin
- Nik Bohnenberger fir Kammerata Luxembourg
- David Ascani fir den Orchestre de chambre de Luxembourg
- Luc Grethen fir den OPL
Dës Opträg vum Kulturministère si mat engem Total vu 60.000 € HTVA dotéiert, verdeelt op déi verschidden Orchesteren an Ensembelen.