Attributiounen
De Kulturministère developpéiert an exekutéiert déi national an international Kulturpolitik vun der Regierung. Parallel zur nationaler Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine fërdert de Ministère déi kënschtlerech Kreatioun an ënnerstëtzt déi international Démarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden. Zu dësem Zweck ënnerhällt de Ministère op der enger Säit Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg, wärend en op der anerer Säit Fërderinstrumenter, wéi de Subsidendispositif oder d’Sozialhëllefe fir professionnel onofhängeg Kënschtler an intermittents du spectacle enwéckelt an ëmsetzt.
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
Noriichten
-
"D'Lëtzebuerger Sprooch(en)": Presentatioun vun enger neier, hybrider Ausstellung vum ZLS am Kulturministère
De 15. Oktober hunn de Kulturminister Eric Thill an den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, zesumme mam Xavier Bettel, Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel, déi nei hybrid Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" fir d'éischte Kéier ...
-
Nei hybrid Ausstellung vum ZLS: Invitatioun op d’Porte ouverte
Den ZLS invitéiert häerzlech op d’Porte ouverte vu senger neier hybrider Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“. Wéini? De 16. Oktober 2026 tëschent 9:00 a 17:00 Auer. Wou? Am Kulturministère (4, boulevard Roosevelt, L-2450 Luxembourg).
-
Iwwer 60 Aktivitéiten a grouss Bedeelegung vum Public fir déi zweet Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch stoungen d'Lëtzebuerger Sprooch souwéi och d'Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg de 26. September fir d'zweete Kéier am Mëttelpunkt.
-
DAT ASS LËTZEBUERGESCH – Presentatioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch 2026
De 26. September 2026 stinn d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg erëm ganz am Mëttelpunkt. De Kulturminister, Eric Thill, huet der Press den ofwiesslungsräiche Programm vun der zweeter Editioun vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch...
Aktualiséiert den