Kulturell Institutiounen

D’kulturell Instituter vum Staat

Opgrond vum geännerten Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert d’Reorganisatioun vun den nationale Kulturinstituter erfëllen déi hei drënner opgelëscht Kulturinstituter, ënnert der Tutelle vum Kulturministère, spezifesche Missiounen an hire jeweilege Beräicher, souwéi allgemeng Missiounen zur Sammlung, Beschreiwung, Dokumentatioun, wëssenschaftlecher Ënnersichung, Konservatioun, Erhalen a Valoriséierung vum kulturelle Patrimoine, souwéi zur educativer Vermëttlung dovun.
Opgrond vum Gesetz vum 21. Dezember 2017 iwwert den Institut grand-ducal, falen d’finanziell Bäiträg un dësen och an de Ressort vum Kulturministère.

Anerer

Den Institut grand-ducal gouf mam groussherzoglech-kinnegleche Reglement vum 24. Oktober 1868 gegrënnt, an huet d’Zil, d’Wëssenschaften, d’Literatur an d’Konscht ze fërderen an zur Ausstralung vun der intellektueller Produktioun op nationalem wéi och internationalem Niveau bäizedroen. Den Institut gëtt iwwert de Budget vum Kulturministère vum Staat finanzéiert.

Kulturell Organisatiounen déi un d’Zentraladministratioun vum Staat rattachéiert sinn

De Staat iwwerdréit d’Ausféierung vu spezifesche kulturelle Missiounen un déi follgend ëffentlech Etablissementer a groupements d'intérêt économique:

 

Konventionnéiert kulturell Strukturen

Iwwer Konventioune vertraut de Staat zousätzlech präzis kulturell Missiounen un déi folgend kulturell Strukturen un:

Visuell Konscht, Architektur, Design a Konschthandwierk

Audiovisuel, Multimedia an digital Konscht

Regional Kulturzentren

Kino, Konscht- a Recherchkino

Danz

International

Buch a kulturell Press

Muséeën a Patrimoinesitten

Musek

Patrimoine, Geschicht, Gaardekonscht a Wëssensvermëttlung

Pluridisziplinär

Soziokulturell

Theater, Stroossekonscht an Zirkus