Aktualiséiert den
Gemeinsamen Opruff fir Kandidaturen fir d’Commande vun engem Text an d’Kreatioun vun engem Theaterstéck, dat sech um Wierk vum Michel Rodange inspiréiert
Am Kader vum duebele Jubiläum vum Michel Rodange – deem vu senger Gebuert (1827) an deem vu sengem Doud (1876) – dinn de Kulturministère, d’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg an d’Literaturarchiv (CNL) sech zesummen, fir en Appel à candidatures fir d’Commande vun engem Text an d’Kreatioun vun engem Theaterstéck, dat sech um Wierk vum Michel Rodange inspiréiert, ze lancéieren.
Fir dës Commande invitéiere mir Artisten/Artistinnen, eventuell an engem Kollektiv zesummegeschloss, an de breeden a villfältegen Universum vun deem Lëtzebuerger Schrëftsteller a Poeet anzedauchen. Wéi begräife mer säi Wierk a seng Manéier, d’Welt ze verstoen, an eiser Zäit mat hire gesellschaftlechen Erausfuerderungen? Wéi kënne se an en aktuelle Kontext iwwerdroe ginn?
D’Propositioune kënne sech natierlech um Rodange sengem aussergewéinleche Reenert inspiréieren. Si kënne sech awer och a sengen anere Stécker, Gedichter, Artikelen an Texter zerwéieren. Eng multidisziplinär Approche ass wëllkomm.
Auswielkrittären / Eligibilitéit
- De Projet soll eng nei Kreatioun oder eng fräi Adaptatioun vum Michel Rodange sengem Wierk sinn.
- D’Approche soll zäitgeméiss sinn an eng modern Interpretatioun vum Wierk vum Michel Rodange hierginn.
- D’Propositioun kann Elementer aus verschiddenen Disziplinnen enthalen (Theater, Danz, Musek, visuell Konscht ...)
- De Spektakel soll fir Leit vu 14 Joer un zougänglech sinn an eng inklusiv (Ënnertitelen, sproochlech Accessibilitéit asw.) an intergenerationell Approche virschloen.
- D’Theaterstéck ka méisproocheg sinn, eng vun de Sprooche muss awer Lëtzebuergesch sinn. D’Kandidature gi vun engem Porteur/enger Porteuse de projet gedroen, deen/déi aus engem Grupp Experten an Expertinne besteet. D’Matmaache vun engem oder méi Participanten/Participanteë vu Lëtzebuerg oder aus der Groussregioun gëtt encouragéiert.
- D’Produktioun (Ekipp, Zeenografie, Technik ...) soll esou opgestallt sinn, datt d’Theaterstéck am Kapuzinertheater kann opgefouert ginn an datt et ka fir aner Bünen zu Lëtzebuerg adaptéiert ginn.
Dossiere vun der Kandidatur
D’Kandidature sollen op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch verfaasst sinn a Follgendes enthalen:
- eng Note d’intention ewéi och e Liewenslaf vum Porteur/vun der Porteuse vum Projet a vun den aneren Intervenanten/Intervenanteën. D’Kandidatur soll an 2 Versiounen agereecht ginn – am PDF-Format an als Word-Dokument – an d’Dokument soll och d’Linken op d’Rechercheaarbechten, déi am Virfeld realiséiert goufen, enthalen an net méi wéi 4 A4-Säite laang sinn. All Kandidatur, déi doriwwer erausgeet, gëtt ausgeschloss;
- eng Videopresentatioun vu maximal 3 Minutten, déi d’Motivatioun fir d’Kandidatur an d’Visioun vum Projet erkläert;
- de Formulaire (hannen am PDF hei niewendrun).
D’Dossiere solle virum 31. Januar 2026 an elektronescher Form un d’Adress lestheatres@vdl.lu geschéckt ginn, mam Betreff „Kandidatur fir de Rodange-Jubiläum + Titel vum Projet“.
Attributioun
De Jury besteet aus follgende Leit:
- Vesna Andonović – Kulturministère; Tom Leick – Theatere vun der Stad Lëtzebuerg
- Anne Legill – Theatere vun der Stad Lëtzebuerg; Nathalie Jacoby – Literaturarchiv (CNL)
- Jeanne Glesener – Universitéit Lëtzebuerg
- Claude Mangen – Réseau Luxembourgeois des Centres Culturels Régionaux
Falls néideg, kann eng Diskussiounsphas tëscht dem Porteur/der Porteuse de projet an dem Jury hëllefen, fir verschidden Aspekter vum Projet méi genee ze beliichten an ze entscheeden, ob e ka realiséiert ginn.
D’Ekipp, där hir Kandidatur zeréckbehale gouf, gëtt spéitstens Ënn Februar 2026 doriwwer informéiert.
Ëmsetzung vum Projet / finanziell Modalitéiten
- D’Dotatioun bezitt sech op d’Commande vun engem Text. De Projet ka mat enger Autoreresidenz vu maximal 3 Méint am Literaturarchiv begleet ginn.
- De Projet, dee selektionéiert gouf, gëtt artistesch a logistesch begleet, dorënner falen och d’Zäit, fir Recherchen ze maachen, Schreifresidenzen a Proufsäll esouwéi och eng Residenz vun 10 Deeg fir den Ofschloss vun der Kreatioun um Plateau.
- Op Basis vum ausgewielte Projet gëtt e Mediatiounsprogramm mat wëssenschaftlechen Experten/Expertinnen opgestallt.
- D’Produktioun an d’Diffusioun vum Theaterstéck gi vun den Theatere vun der Stad Lëtzebuerg iwwerholl.
Kalenner
- Dezember 2025: offizielle Lancement vum Opruff fir Projeten
- 31. Januar 2026: Delai, fir d’Dossieren anzereechen
- Enn Februar 2026: Ukënnegung vum Projet, deen zeréckbehale gouf
- Hierscht 2027: éischt Virstellunge vum Theaterstéck am Kapuzinertheater a spéider d’Diffusioun am Réseau Luxembourgeois des Centres Culturels Régionaux
Informatiounen a Kontakt
Fir all Fro oder Renseignement, kontaktéiert wgl.:
Michel Charles-Beitz, Responsabel fir d’Produktioun
Theatere vun der Stad Lëtzebuerg
Telefon: (+352) 4796-3912
Handy: (+352) 691 97 68 40
E-Mail: mcharlesbeitz@vdl.lu