Aktualiséiert den
Annonce vum neie Verwaltungsrot vun der Philharmonie
No der Confirmatioun vum Regierungsrot huet de Kulturministère d’Éier, de neie Verwaltungsrot vun der 'Salle de concerts Joséphine-Charlotte' z’annoncéieren. De neie Verwaltungsrot trëtt seng Funktiounen den 27. Abrëll 2022 un.
Fir eng Amtszäit vu fënnef Joer si genannt:
- M. Pierre AHLBORN, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft
- M. Jean-Paul OLINGER, Vertrieder vun der Zivilgesellschaft
- Mme Frau Myriam SCHMIT, Vertriederin vun der Zivilgesellschaft
- M. Jo KOX, Premier Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, Vertrieder vum ministère de tutelle
- Mme Nadine ERPELDING, Conseiller de Gouvernement am Kulturministère, Vertriederin vum ministère de tutelle
- Mme Dr. Monique REIFF, Vertriederin vum ministère de tutelle
- M. Luc DHAMEN, Direkter vun der Verwaltung fir ëffentlech Bauten, Vertrieder vum ministère de tutelle
- Mme Michelle STEICHEN, Premier inspecteur des finances à l'Inspection générale des finances, Vertriederin vum Minister dee fir de Budget zoustänneg ass
- Mme Lydie POLFER, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg, Vertriederin vun der Stad Lëtzebuerg.
Den Här Pierre AHLBORN iwwerhëlt d’Amt vum President an d’Madame Michelle STEICHEN d‘Amt der Vizepresidentin.