Attributiounen
De Kulturministère developpéiert an exekutéiert déi national an international Kulturpolitik vun der Regierung. Parallel zur nationaler Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine fërdert de Ministère déi kënschtlerech Kreatioun an ënnerstëtzt déi international Démarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden. Zu dësem Zweck ënnerhällt de Ministère op der enger Säit Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg, wärend en op der anerer Säit Fërderinstrumenter, wéi de Subsidendispositif oder d’Sozialhëllefe fir professionnel onofhängeg Kënschtler an intermittents du spectacle enwéckelt an ëmsetzt.
De Kompetenzberäich vum Ministère ass am interne Reglement vun der Regierung festgehalen.
Noriichten
-
LT4All: Eric Thill inauguréiert Unesco-Konferenz iwwer Sproochtechnologien
De 24. Februar huet de Kulturminister Eric Thill als Keynote-Speaker un der Inauguratioun vun der Konferenz Language Technologies for All (LT4All) bei der Unesco zu Paräis deelgeholl.
-
Sproochmaschinn.lu: Eric Thill presentéiert digital Applikatioune fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Den 10. Februar 2025 huet de Kulturminister Eric Thill eng éischt Versioun vum neie Site sproochmaschinn.lu vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) presentéiert. Et handelt sech heibäi ëm déi éischt Web-Applikatioun, déi zwou wichteg Funktioune ...
-
Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch: Den Eric Thill presentéiert der Chamberkommissioun d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung
De 15. Januar huet de Kulturminister, Eric Thill, der zoustänneger Chamberkommissioun d’Aarbechte ronderëm den Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. De Minister huet d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de 50 Mesure pre
-
Presidententrick ass d’Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024
Virun allem déi national Aktualitéit huet d’Wiel vum Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024 dominéiert. Fir déi fënnefte Kéier zënter 2020 gouf op Initiativ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mat ...
Aktualiséiert den