Aktualiséiert den
Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch: Den Eric Thill presentéiert der Chamberkommissioun d’Fortschrëtter bei der Ëmsetzung
De 15. Januar huet de Kulturminister, Eric Thill, der zoustänneger Chamberkommissioun d'Aarbechte ronderëm den Aktiounsplang fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. De Minister huet d'Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun de 50 Mesure presentéiert.
An deem Kader sot den Eric Thill: "D'Lëtzebuerger Sprooch ass geliefte Patrimoine, e Pilier vun eiser Identitéit an eisem Zesummeliewen. Mat konkreten Aktiounen an enger staarker Visibilitéit maache mir eis Sprooch nach méi accessibel fir jiddereen. Bei der Ëmsetzung vum Aktiounsplang leeë mir och e besonnesche Wäert op d'Lëtzebuerger Sprooch am Alldag."
Et gëtt intensiv u Methoden a Material geschafft fir de sëllege Leit, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, dat op eng flott Aart a Weis bäizebréngen, an zwar op hire Beruff bezunn. Dat gëllt besonnesch fir d'Beräicher Santé a Soins, Bildung, Sécherheet, Commerce a Gastronomie. Als éischte Schwéierpunkt goufen elo d'Gesondheets – a Fleegeberuffer cibléiert. Et gëtt och dru geschafft, datt Kanner a Jugendlecher, déi hier Schoulzäit net zu Lëtzebuerg ugefaangen hunn, Lëtzebuergesch als Friemsprooch kënne léieren. An deem ganze Beräich "Lëtzebuergesch léiere fir jiddwereen" gouf den aussergewéinlechen Asaz vum Institut national des langues Luxembourg (INLL) ënnerstrach.
En zweete Schwéierpunkt läit op der Visibilitéit vun der Lëtzebuerger Sprooch, souwuel hei am Land ewéi am Ausland, mat Panneauen, enger ambulanter Ausstellung an um Internet. No hiren 23 Statiounen am Inland wäert déi ambulant Ausstellung och an der Groussregioun, esou wéi zu Bréissel, Paräis a Stroossbuerg gewise ginn. Et ass och eng permanent Ausstellung iwwert eis Sprooch an eis Sproochesituatioun virgesinn, déi de Visiteuren op eng attraktiv Aart a Weis den Thema nobrénge soll.
Schlussendlech huet de Minister den Deputéierten d'Fortschrëtter am Beräich Fuerschung an Entwécklung ronderëm d'Lëtzebuergescht presentéiert: All Dag kucke ronn 2.750 Leit de Lëtzebuerger Online Dictionnaire lod.lu a 6.000 Leit benotzen de Spellchecker.lu. Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) schafft u weideren digitalen Hëllefsmëttel, déi eis Sprooch zousätzlech stäerke wäerten.
Et gëtt vill gefuerscht an d'Leit sollen d'Resultater vun dëser Fuerschung gewuer ginn. Dofir gëllt de Prinzip, all Fuerschung och op eng attraktiv Aart a Weis dem grousse Publikum zougänglech ze maachen. An deem Kontext huet de Kulturminister schonn op d'Presentatioun vum Lëtzebuerger Wuertatlas 1900 vum Alain Atten den 19. Mäerz 2025 an der Nationalbibliothéik agelueden. Am Hierscht wäert et dann den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn, op deem mer eis Sprooch an eis Méisproochegkeet thematiséieren a feieren.
Communiqué vum Kulturministère