Allgemeng Koordinatioun

Déi allgemeng Koordinatioun regruppéiert déi strategesch a beräichsiwwergräifend Aktivitéite vum Ministère. Ënnert der Direktioun vun der allgemenger Koordinatioun gëtt de strategesche Plang fir d'Ëmsetzung vum Regierungsprogramm a vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 (KEP) festgeluecht.  Déi allgemeng Koordinatioun suergt fir d'Kohärenz vun den Aktiounen, déi vun deenen zwee rattachéierte Servicer - dem Kommissariat fir staatlech a parastaatlech kulturell Strukturen an dem Kommissariat fir d'Lëtzebuerger Sprooch - grad esou wéi vun de verschiddenen Departementer duerchgefouert ginn.

Kontakter

Den Annuaire vum Departement an senge Servicer ass hei verfügbar.

Kommissariat fir staatlech a parastaatlech kulturell Strukturen

Kommissariat fir d'Lëtzebuerger Sprooch

De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch ass zoustänneg fir d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, respektiv fir zousätzlech Mesuren dozou virzeschloen. Hie kuckt och, datt et am Groussherzogtum an am Ausland genuch Méiglechkeete ginn, fir Lëtzebuergesch ze léieren an datt gëeegent didaktescht Material disponibel ass. De Kommissär mécht och de Suivi vun de Kloen iwwer de Gebrauch oder Net-Gebrauch vum Lëtzebuergeschen a vun den ëffentleche Servicer, iwwer d'Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen op allen Niveauen, an iwwer d'Fuerschung am Beräich vun der Lëtzebuerger Sprooch.