Aktualiséiert den
Service fir déi allgemeng Ugeleeënheeten
Den Service fir d'Administratioun an déi allgemeng Ugeleeënheeten ass fir d'Gestioun an d'Logistik vun de lafende Geschäfter vum Ministère zoustänneg. Dëst betrëfft d'Personal, déi national an international europäesch Ugeleeënheeten, d'Logistik, d'Infrastrukturen, d'Kommunikatioun, d'Dokumentatioun, d'Finanzen, d'Legislatioun an d'informatesch Mëttelen.
Kontakter
Den Annuaire vum Departement an senge Servicer ass hei verfügbar.
Service fir europäesch an international Ugeleeënheeten
De Service fir europäesch an international Ugeleeënheeten ass fir d'Entwécklung an d'Ëmsetzung vun der grenziwwerschreidender an internationaler Strategie vum Kulturministère zoustänneg. En identifizéiert an definéiert déi europäesch an international Prioritéiten, Objektiver an Thematiken, vertrëtt d'Administratioun bei den europäeschen an internationalen Institutiounen a setzt europäesch an international Theemen op nationalem Niveau an Zesummenaarbecht mat den zoustännege Servicer ëm.
Service fir d'Relatioune mat der UNESCO
Service vum Personal
De Service vum Personal ass fir d'Gestioun vum Personal an all domadder verbonnenen Aufgaben zoustänneg.
Service vun de Finanzen
De Service vun de Finanzen ass fir d'Gestioun vum budgetären a finanzielle Volet vum Kulturministère zoustänneg. De Service assuréiert de Suivi an d'Evolutioun vun de Finanzen, mécht d'Comptabilitéit, erstellt Berichter an ass zoustänneg fir d'Relatioune mat der IGF, der Finanzkontroll an dem Rechnungshaff.
Service vun den Archiven an de kulturellen Infrastrukturen
De Service vun den Archiven an kulturellen Infrastrukturen verwalt a koordinéiert den Immobiliebestand vum Kulturministère. Et ass zoustänneg fir d'Entwécklung an d'Verwaltung vum internen Dossiersystem fir Dokumenter – souwuel gedréckt wéi och digital – déi vum Ministère produzéiert ginn. Et steet och a Kontakt mat der Verwaltung vun ëffentlechen Gebaier an der Loyer-Kommissioun vum Finanzministère. Schlussendlech ass en zoustänneg fir d'Archivéierung am ëffentlechen Interessi a bereet d'Dossieren fir de permanente Iwwertrag vun de Archiven un d'Nationalarchiven vir.
Service fir Kommunikatioun an ëffentlech Relatiounen
De Service fir Kommunikatioun an ëffentlech Relatiounen ass fir d'Ëmsetzung an d'Koordinatioun vun der interner an externer Kommunikatioun vum Kulturministère zoustänneg. En ass fir d'Relatioune mat der Press zoustänneg a koordinéiert d'Gestioun vun de parlamentareschen Ufroen a Petitiounen déi un de Ministère geriicht ginn. De Service aktualiséiert den Internetsite www.kep.lu, wou een d'Fortschrëtter bei der Ëmsetzung vun den 62 Recommandatiounen am Kader vum Kulturentwécklungsplang verfollege kann. Ë këmmert sech och ëm d'Koordinatioun an de Lancement vu Publikatiounen am Kader vun Informatiouns- oder Sensibiliséierungscampagnen.
Service juridique
De Service juridique ass zoustänneg fir d'Ausschaffen an d'Ausleeë vun der Legislatioun am kulturelle Beräich, fir d'Gestioun vun der legislativer a reglementairer Prozedur, fir d'Ausschaffe vu Gesetzesprojeten, groussherzoglechen a ministerielle Reglementer an interne Virschrëften, fir d'Redaktioun vu juristeschen Notten an Avisen a verschiddene juristesche Beräicher a fir d'Gestioun vun administrativen an ziville Rechtsstreitegkeeten am Beräich vun der Kultur.
Service fir d'Administratioun
De Service fir d'Administratioun organiséiert a geréiert d'Acquisitioun vu Miwwel an den lafenden Ausgabe vum Ministère, organiséiert den Accueil an d'Telefonszentral, iwwerwaacht den deeglechen Entretien vun de Raimlechkeeten, geréiert d'Infrastrukturen an d'Equipementer fir déi de Kulturministère zoustänneg ass.
Service informatique
De Service informatique ass fir d'Gestioun vum IT-Park vum Kulturministère zoustänneg. Dorënner fält d'Gestioun vum informatesche Budget, grad esou wéi och d'Gestioun vun dem IT-Equipement an der Infrastruktur. Hie bitt de verschidden Departementer a Servicer vum Ministère en adequate Support technique ("Helpdesk") un. Hien erstellt praktesch Guiden, aktualiséiert d'Wëssensdatebank a beréit déi Responsabel vun den Departementer, de Servicer an de Projete vum Ministère, grad esou wéi d'Beoptraagte fir IT an Dateschutz vun de kulturellen Institutiounen an de Beräicher TIC, elektronesch Gouvernance an Dateschutz. Am Beräich vun der elektronescher Gouvernance a vun der Verwaltungsvereinfachung, ass de Service informatique fir d'Ausschaffen an d'Ëmsetzung vun enger Strategie fir d'e-Gouvernance vum Kulturministère zoustänneg. Dorënner falen d'Bestandsopnam an d'Integratioun vun den Donnéeë vum Ministère, d'Gestioun an d'Ëmsetze vun IT-Projeten an d'Publikatioun vun Datesätz um Portal "open data" vun der Regierung.