Service fir d'artistesch Kreatioun a Fërderung

De Service fir d'artistesch Kreatioun a Fërderung setzt eng Politik vun der Ënnerstëtzung, dem Encouragement an der Fërderung vun der artistescher Kreatioun an de Secteure vun der Architektur, der bildender Konscht, dem Theater, dem Design, dem Verlagswiesen, dem Konschthandwierk, der Musek an dem Film ëm. En ass iwwerdeems fir d'Ëmsetzung vun der Fërderungspolitik fir Publikumsentwécklung zoustänneg.

Kontakter


Vesna Andonovic
Chef vum Service
(+352) 247-86613

Josiane Geisler
Sekretariat, Guichet fir d'Subventiounen
(+352) 247-86615

Véronique Goergen
Sekretariat, Telefonszentral (Remplacement)
(+352) 247-86666

Service vun der Konschtbibliothéik

Der Konschtbibliothéik hir Haaptaufgab ass et den zäitgenëssesche Kulturierwe vum Staat ze erhalen an opzewäerten. Fir d'Kollektioun vum Kulturministère ze beräichere keeft d'Konschtbibliothéik Konschtwierker am Optrag vum Staat a stellt dës dann de verschiddene Ministèren an ëffentleche Verwaltungen zur Verfügung.

Des Weideren entwéckelt an ënnerstëtzt d'Konschtbibliothéik eng Politik zur Ënnerstëtzung vun ëffentlechen Opträg am Beräich vun der bildender Konscht. Esou huet si zur Missioun déi ëffentlech Optraggeber bei der Duerchféierung vun engem ëffentlechen Optrag z'informéieren an ze begleeden.

Kontakter

Lisa Baldelli
Koordinatioun, Kollektioun vum Ministère
(+352) 247-76609

Lisa Baldelli
Ëffentlech Opträg (1%)
(+352) 247-76609

Claudine Hemmer
Ëffentlech Opträg (1%)
(+352) 247-86625

Service fir d'artistesch Kreatioun a Fërderung

Dëse Service besteet aus fënnef verschiddenen Unitéiten: bildend Konscht, Architektur, Design a Konschthandwierk; Danz Film; Literatur a Verlagswiesen; Musek an Theater. D'Aufgabe vun den Unitéite sinn änlech, och wann se sech op verschidden artistesch a kulturell Beräicher bezéien.

Esou hunn dës Servicer d'Aufgab de Kulturminister an de jeeweilege Beräicher ze beroden, d'Aktioune vum Ministère an dëse Beräicher auszeschaffen an ze bewäerten, d'Relatioune vum Ministère mat senge Partner ze geréieren, esou wéi Kënschtler a kulturell Acteuren z'informéieren, ze beroden an a stännegem Dialog mat hinnen ze stoen.

Des Weidere sinn d'Servicer zoustänneg fir d'Entwécklung an d'Ëmsetzung vu Strategië fir d'Fërderung vun de verschiddenen Konschtberäicher grad esou wéi fir Moossnamen zur Ënnerstëtzung vun der kënschtlecher Kreatioun. Si bedeelegen sech un der Aktualiséierung oder dem Ausschaffe vu Gesetzestexter, a vertrieden de Ministère a verschidde Kommiteeën, Kommissiounen, Aarbechtsgruppen a Verwaltungsréit.

Schliisslech koordinéieren déi verschidden Unitéiten déi allgemeng Aktivitéite vum jeeweilege kulturelle Secteur an iwwerwaachen d'Konventiounen, déi de Staat mat de verschiddenen Acteuren an hirem Beräich getraff huet an informéieren de Minister/d'Ministerin iwwer Subventionsdemanden.

Kontakter

Claudine Hemmer
Bildend Konscht, Architektur, Design a Konschthandwierk
(+352) 247-86625

Vesna Andonovic
Audiovisuell Medien, Multimedia, Danz
(+352) 247-86613

Nora Si Abderrahmane
Literatur, Verlagswiesen
(+352) 247-76616

Joé Haas
Klassesch Musek, Blues, Jazz
(+352) 247-86648

Cédric Kayser
Verstäerkten, elektronesch an zäitgenëssesch Museksstiler, digital Konscht
(+352) 247-76697

Berodungs- an Ënnerstëtzungsservice fir professionell Kënschtler an Intermittents du spectacle

De Berodungs- an Ënnerstëtzungsservice fir professionell Kënschtler an Intermittents du spectacle ass fir d'Beaarbechtung vun den Demandë fir Bäihëllefen zoustänneg. En iwwerpréift a suivéiert d'Demanden, geréiert d'Deklaratiounen an de Versement vun de Bäihëllefen. De Service bitt och eng Ënnerstëtzung bei Froen zu de gesetzleche Bestëmmungen an den néidege Viraussetzunge fir d'Bäihëllefen. Doriwwer eraus iwwerhëlt en och d'Sekretariat vun der Berodungsmissioun vum Kulturminister.

Zu den Déngschtleeschtunge gehéiert och d'Berodung an d'Ënnerstëtzung vun de professionelle Kënschtler an Intermittents du spectacle. Esou gi Froen zu den Demarchë beim Karriärsstart traitéiert, an d'Kënschtler an d'Intermittents fannen hei eng Hëllef zu Themen, déi am Kader vun der kënschtlerescher Aktivitéit eng Erausfuerderung duerstelle kënnen (z.B. Sozialversécherung, direkt Steieren, TVA, asw.).

De Service bitt och Virträg a Workshops un, fir d'Participantë mat de Bestëmmunge vum geännerte Gesetz vum 19. Dezember 2014 a mat der Gesetzesvirlag zur Ännerung vun dësem Gesetz vertraut ze maachen.

Kontakter

Tammy Tangeten
Koordinatioun, Gestioun vun den Dossieren an den Demande fir monatlech Bäihëllefe fir professionell a fräiberufflech Kënschtler an Intermittents du spectacle, Orientatiounsberodung; Gläichstellungsbeoptraagten
(+352) 247-88612

Isabelle Kiens
Gestioun vun den Dossieren an den Demande fir monatlech Bäihëllefe fir professionell a fräiberufflech Kënschtler an Intermittents du spectacle, Orientatiounsberodung
(+352) 247-66610