Departement fir d'Kulturierwen

Den Departement fir d'Kulturierwe bedeelegt sech un der Ëmsetzung vun der entspriechender Legislatioun an implementéiert eng Politik vun der Fërderung an der Sensibiliséierung an de Beräicher vum architektoneschen, archeologeschen, industriellen, feudalen, natierlechen, immateriellen a mobillen Ierwen. Zu den Aufgabe vum Departement gehéiert och d'Gestioun vun de Schutzgebidder an d'Zesummenaarbecht mat den Instanzen, déi fir dës Gebidder zoustänneg sinn. Doriwwer eraus gehéieren d'Definitioun an d'Entwécklung vun der digitaler Strategie vum nationale Kulturierwen – an Zesummenaarbecht mat den Instituter a Servicer déi fir d'Erhalen, d'Verbreedung an d'Valorisatioun vun dësem Ierwen zoustänneg sinn, wéi Bibliothéiken, Archiven a Muséeën – zu senge Missiounen.

Kontakter

Beryl BRUCK
Cheffin vum Departement
(+352) 247-76610

Elisabeth WIDUNG
Sekretariat vum Departement
(+352) 247-86635

Service vun der Gestioun an der Sensibiliséierung vun den Ierwen

Dëse Service besteet aus fënnef verschiddenen Unitéiten: architektonescht Ierwen, Steichen-Ierwen, archeologescht Ierwen, immateriellt Ierwen, natierlecht Ierwen a mobilt Ierwen. D'Aufgabe vun den Unitéite sinn änlech, och wann se sech op verschidde Beräicher vum Kulturierwe bezéien.

Esou hunn dës Servicer d'Aufgab, zesumme mat de kulturellen Instituter vum Staat, de Kulturminister an deene jeeweilege Beräicher ze beroden, d'Aktioune vum Ministère an dëse Beräicher auszeschaffen an ze bewäerten, d'Relatioune vum Ministère mat den Acteuren aus dem Secteur, wéi z.B. Gemengen an Associatiounen ouni Gewënnzweck, ze geréieren.

Doriwwer eraus sinn d'Unitéite fir d'Uwennung vun der Legislatioun zoustänneg grad esou wéi fir d'Entwécklung an d'Ëmsetzung vu Strategië fir d'Sensibiliséierung fir d'Kulturierwen. Si bedeelegen sech un der Aktualiséierung an um Ausschaffe vu Gesetzestexter, vertrieden de Ministère a verschidde Kommiteeën, Kommissiounen, Aarbechtsgruppen a Verwaltungsréit.

Schliisslech koordinéieren déi verschidden Unitéiten déi allgemeng Aktivitéiten, a këmmeren sech ëm déi administrativ Gestioun vum Secteur an deem si d'Konventiounen iwwerwaachen, déi de Staat mat de verschiddenen Acteuren an hirem Beräich getraff huet.

Kontakter

Beryl Bruck
Koordinatioun, Architektonescht Ierwen
(+352) 247-76610

Paul Lesch
Kommissär fir d'Kollektiounen Edward Steichen
(+352) 247-76601

Beryl Bruck
Archeologescht Ierwen
(+352) 247-76610

Patrick Dondelinger
Immateriellt Ierwen
(+352) 247-76634

Almedina Becirovic
Mobilt Ierwen
(+352) 247-76631

Pierre Schwickerath
Mobilt Ierwen
(+352) 247-76690

Déborah Schott
Mobilt Ierwen
(+352) 247-86609

Richard Scharll
Mobilt Ierwen
(+352) 247-76631