Aktualiséiert den
Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Programm
De 26. September ass den Europäeschen Dag vun de Sproochen, en Dag op deem all d'Sproochen a Kulturen an Europa, awer och déi individuell Méisproochegkeet gefeiert ginn a jidderee motivéiert soll ginn, eng nei Sprooch ze léieren. Als Land, an deem d'Méisproochegkeet am Alldag gelieft gëtt, feiere mir vun dësem Joer un op dësem speziellen Dag och d'Lëtzebuerger Sprooch. Dëst Joer steet den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnert dem Motto:
Schwätz mat - Lëtzebuergesch verbënnt.
E ganz wichtege Volet an der Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch ass hir Visibilitéit. D'Sprooch soll am ëffentleche Raum present sinn, hire Stellewäert soll gefestegt ginn. D'Lëtzebuergescht als lieweg Sprooch ze stäerken an d'Motivatioun ze schafen, dës aktiv ze schwätzen, dat ass dat grousst Uleies dëst Joer. Well Lëtzebuergesch verbënnt a baut Brécken.
Um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch gëllt, et iwwert eis Sprooch an eis Sproochesituatioun nozedenken. D'Aart a Weis, wéi mir am Alldag mat Liichtegkeet vun enger Sprooch an déi aner wiesselen, jo bal mat de Sprooche jongléieren, ass eenzegaarteg an eng Beräicherung. An dëser Méisproochegkeet ass d'Lëtzebuergescht verankert a spillt fir jiddereen eng grouss Roll, well et verbonn ass mat den Originnen, der Geschicht, der Identitéit vu Land a Leit.
Eng Sprooch léieren, bedeit och der Kultur, déi se begleet ze begéinen. Eng gedeelte Sprooch favoriséiert d'Zesummeliewen, d'Solidaritéit, d'Kooperatioun, d'Kohäsioun an de Quartieren, an de Schoulen, am ganze Liewen: Eng gemeinsam Sprooch vereinfacht d'Kommunikatioun, knëppt Frëndschaften, schaaft sozial Verbindung.
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch soll jidderee motivéieren, Lëtzebuergesch ze schwätzen, ob gutt oder manner gutt. Et soll ee sech trauen ze schwätzen an et soll een deen aneren och schwätze loossen: Schwätz mat - Lëtzebuergesch verbënnt! Dat heescht natierlech och, datt mir de 26. September eis Sprooch feieren.
Aktivitéiten
Fënnef Wierder op Lëtzebuergesch fir matzeschwätzen
Zilpublikum
Jiddereen, deen amgaang ass Lëtzebuergesch ze léieren
Organisatioun
D‘Handwierkerkummer a verschidde Patronatsfederatiounen zesumme mam Kulturministère
Wéini?
Vum 26.09.25 un
Wou?
Online
Beschreiwung
5 Wierder an Ausdréck ginn op Lëtzebuergesch proposéiert, déi am Alldag oder am Beruff benotzt kënne ginn. Mam QR-Code fënnt een dës Wierder an Ausdréck an e Filmche fir d’Wierder ze lauschteren an ze léieren, wéi se ausgeschwat ginn.
Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)"
Zilpublikum
Erwuessener, Jugendlecher
Organisatioun
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Wéini?
Vum 23.09 – 14.11.2025
Vernissage de 26.09 um 17.30 Auer
Wou?
Europaparlament - Centre de visiteurs Europa Expérience,
Bâtiment Konrad Adenauer, 17, avenue John F. Kennedy, Kirchberg
Praktesch Informatiounen
D'Expo gëtt an der Europa Experience Ausstellung gewisen. Fir an d'Gebai eranzekommen, soll ee seng Carte d'identité oder säi Pass bei sech hunn.
https://portal.education.lu/zls/EXPO
Tram: Arrêt Parlement européen
Kontakt: expo@lod.lu
Beschreiwung
D'Ausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen: Entwécklung vum Lëtzebuergeschen, Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Et gi Visitte vun der Expositioun a kuerz Konferenzen iwwert d'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ugebueden.
De Sproochequiz
Zilpublikum
Erwuessener
Organisatioun
Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)
Wéini?
De 26.09 um 19.30 Auer
Wou?
Europaparlament - Centre de visiteurs Europa Expérience
Bâtiment Konrad Adenauer, 17, avenue John F. Kennedy, Kirchberg
Praktesch Informatioun
D'Expo gëtt an der Europa Experience Ausstellung gewisen. Fir an d'Gebai eranzekommen, muss ee seng Carte d'identité oder säi Pass bei sech hunn.
Tram: Arrêt Parlement européen
Kontakt: expo@lod.lu
Beschreiwung
Kennt Dir Iech aus mat der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg? An dësem spannende Quiz gëtt Äert Wëssen iwwer Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Sprooch erausgekëddelt. De Quiz dauert ronn 30 Minutten an et gëtt eng Partie flott Präisser ze gewannen. A keng Suerg: Et si keng speziell Lëtzebuergeschkenntnisser néideg fir matzemaachen!
Nuit des langues – Nuecht vun de Sproochen - Nacht der Sprachen - Noche de las lenguas
Zilpublikum
Erwuessener
Organisatioun
Institut Pierre Werner
Umeldung: www.ipw.lu
Kontakt
Institut Pierre Werner
info@ipw.lu, Tel 49 04 43-1
Wéini?
Vu 17:00 - 21:00 Auer
Wou?
Europaparlament - Centre de visiteurs Europa Expérience
Bâtiment Konrad Adenauer, 17, avenue John F. Kennedy, Kirchberg
Praktesch Informatiounen:
Fir an d'Gebai eranzekommen, sollt ee seng Carte d'identité oder säi Pass derbäi hunn.
Tram: Arrêt Parlement européen
Beschreiwung
Découvrez le fascinant multilinguisme au Luxembourg, le temps d'une soirée:
- J'ai un mot à vous dire, conférence en français. Jean-Loup Chiflet, écrivain, humoriste et éditeur français, présentera de manière amusante ses grands succès sur les subtilités de la langue française.
- Germanistik ist heilbar, conférence humoristique en allemand avec traduction vers le français. Philipp Scharrenberg, humoriste, slameur et auteur allemand qui écrit des pièces radiophoniques et des spectacles mêlant humour et critique sociale.
- Stand-Up Comedy en espagnol avec traduction vers le français avec Lidia Peña, actrice et humoriste.
Konferenz: "Digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg"
Zilpublikum
Erwuessener
Interesséiert Studenten/Studentinne vun der Uni
Lëtzebuergesch Enseignanten, IFEN-Formatioun
Organisatioun
Uni Lëtzebuerg
Wéini?
26.9 vu 14:00-16:00 Auer
Wou?
Université du Luxembourg, Campus Belval, Maison des Sciences humaines
Blackbox (direkt um Rez-de-chaussée)
11, Porte des Sciences, Esch-sur-Alzette
Umeldung: bis den 22.09.2025 iwwer dëse Link
Praktesch Informatiounen
Matbréngen: e Smartphone, en Tablet oder e Laptop fir interaktiv Eenheeten
De Virtrag gëtt och am Kader vun den IFEN-Formatiounen ugebueden. Et kann een en présentiel oder iwwert WebEx dobäi sinn.
Et gi keng linguistesch Virkenntnesser verlaangt.
Beschreiwung
Akademesche Virtrag a Workshop (Pdf, 131 Kb) iwwert déi digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg, ënnert der Leedung vum Melissa Mujkić a Caroline Döhmer vun der Uni.lu.
Unhand vun authentesche Chat-Ausschnëtter gi linguistesch Phenomeener analyséiert (ë. a. Wierder, Sazzeechen, Sazbau, Elementer aus frieme Sproochen, Emojis), fir en Abléck an den aktuelle Sproochgebrauch vun deene Jonken zu Lëtzebuerg ze ginn. Nom Virtrag gëtt interaktiv diskutéiert, wéi ee Jugendsprooch definéiere kann a wéi eng Jugendwierder resp. -ausdréck an deene leschte Joerzéngten am Gebrauch waren.
Dëse Workshop soll eng oppen a generatiounsiwwergräifend Diskussioun iwwer sproochlech Variatioun encouragéieren an en neit Bewosstsi fir déi dynamesch Aspekter vu Jugendkommunikatioun schafen.
Pop-Concert mam Kannerchouer "Ice Clic"
Zilpublikum
All musek- a sproochinteresséiert Leit, jonk an al
Organisatioun
Kannerchouer Ice Clic
Wéini?
26.9 vun 13.00- 14.00 Auer
Wou?
2 Méiglechkeeten:
En direct am Kulturministère am grousse Sall
4, bd Roosevelt an der Stad
Oder
via live stream iwwert de Youtube-Kanal vum Kulturministère (bleift accessibel bis méindes, den 29.9.2025)
Beschreiwung
Schmassege Pop-Concert, deen Dir en direct um Kulturministère kënnt erliewen oder um Ecran. Eng Ekipp Kanner am Alter vun 8 bis 12 Joer trëtt op, déi nei lëtzebuergesch Pop Lidder vum Jang Linster séngt. Um Programm sti frou Lidder ewéi: "Haut ass däin Dag" oder "Feier feier" oder "Du bass besonnesch", oder ganz engagéiert Lidder ewéi: "Du bass net méi Du" (géint Mobbing an der Schoul), "E Lidd ewéi gedréckt" (Fake News) oder "Gëfteg!" (géint d'Fëmmen) oder ganz verdreemt ewéi: "Néirens anerwäerts", "Feierfonken" oder "Wéi laang ass ëmmer" suerge fir gutt Stëmmung.
Live Musek op Lëtzebuergesch
Zilpublikum
Erwuessener
Organisatioun
De Gudde Wëllen
Wéini?
26.9 vun 21.00 Auer un
Wou?
Am Culture Club De Gudde Wëllen
17, rue du Saint Esprit an der Stad
Beschreiwung
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch kléngt aus mat engem coolen Owend mat den Artisten Tommek, Nicool a Sixo aus der lëtzebuergescher Zeen.
"Wat mécht eis zum Mënsch?"
Zilpublikum
Fir déi ganz Kleng aus dem Cycle 1 am Fondamental
Organisatioun
Kulturministère mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Wéini?
An der Schoulzäit oder no der Schoul
Wou?
An der Schoul, an der Maison relais, doheem
Beschreiwung
Virliese vum UNESCO Billerbuch What makes us human, dat nieft 44 aner Sproochen elo och op Lëtzebuergesch iwwersat gouf. Et hëlt d’Kanner op eng ganz originell Manéier mat op eng Entdeckungsrees duerch d’Kommunikatioun tëschent de Mënschen. D’Buch fënnt een awer och an de Librairien.
Op Lëtzebuergesch spillen a sangen
Zilpublikum
Fir d'Schüler an d‘Schülerinne vum Cycle 1 bis 4 am Fondamental
Organisatioun
SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Wéini?
An der Schoulzäit oder no der Schoul
Wou?
An der Schoul, an der Maison Relais oder doheem
Beschreiwung
D'Schülerinnen an d’Schüler entdecken d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch nei, andeems si op Lëtzebuergesch sangen oder bei enger lëschteger Theaterchallenge op Lëtzebuergesch (Pdf, 293 Kb) matmaachen.
Elo schreiwen ech emol en Artikel fir deen Dictionnaire do!
Zilpublikum
Fir d'Schüler an d’Schülerinne vun der 4e am Secondaire
Organisatioun
Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Wéini?
An der Schoulzäit
Wou?
An der Schoul
Beschreiwung
D'Schüler an d’Schülerinne kënne selwer en Artikel fir an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) opsetzen. Si kréien d'Format als elektronesch Virlag zur Verfügung gestallt a kënne fräi no hire Virstellunge Virschléi eraschécken. Wéi e Wuert oder Ausdrock feelt hirer Meenung no am LOD? Et gi sech déi kreatiivst, witzegst a gewootste Proposen erwaart. Déi pertinentst ginn an den LOD opgeholl.
Table ronde "Op Lëtzebuergesch schreiwen: eng Erausfuerderung?"
Zilpublikum
Fir Erwuessener
Lëtzebuergesch Enseignanten, IFEN-Formatioun
Organisatioun
Institut national des langues Luxembourg (INLL)
Wéini
26.09.25 um 17.00 Auer
Wou
Am Festsall vum Institut national des langues Luxembourg
21, boulevard de la foire L-1528 Lëtzebuerg
Tram: Arrêt Faïencerie
Beschreiwung
Table ronde mat Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller iwwert hire Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Literatur. Wat geet op Lëtzebuergesch méi einfach, wat ass eventuell méi schwéier auszedrécken? Wat si generell déi grouss Challengen, wann ee Literatur op Lëtzebuergesch verfaasst? Doriwwer diskutéieren déi verschidden Auteure mateneen an awer och mat de Leit am Sall.
Podcast "Poterkëscht": Schwätz mat!
Zilpublikum
Fir Erwuessener
Organisatioun
Institut national des langues Luxembourg
Wéini
Ab dem 26.9 um 6.00 Auer
Wou
Podcast
Beschreiwung
Dir héiert Temoignagë vun Apprenanteën an Apprenanten, déi am Institut national des langues Luxembourg Lëtzebuergesch léieren an Iech erzielen, firwat si dës Sprooch wëlle kënnen a wéi si zu der Sprooch stinn.
Theateratelier "D'Méiw" nom Anton Tchekhov
Zilpublikum
Fir Erwuessener mat méi oder manner Lëtzebuergeschkenntnisser (et muss ee keen Theaterexpert sinn)
Lëtzebuergesch Enseignanten, IFEN-Formatioun
Organisatioun
Bonobo Collective
Wéini
De 26.09, 3 Atelieren au choix (all kéiers fir 8 Leit)
9.00-11.00 Auer; 11.00-13.00 Auer oder 14.30-16.30 Auer
Wou
An der Bibliothèque nationale du Luxembourg
Konferenzsall um 3. Stack
37D, Avenue John F. Kennedy
L-1855 Lëtzebuerg
Tram: Arrêt Bibliothèque nationale
Umeldung
Fir d'Theateratelieren: atelier.bonobo@gmail.com
Beschreiwung
Fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch a vun der Méisproochegkeet proposéiert de Bonobo Collective am Kader vu sengem neien Theaterstéck "D'Méiw" e méisproochegen Theateratelier ronderëm den Anton Tchekhov. Unhand vu kuerzen Zeene gëtt sech mat ënnerschiddlechen Iwwersetzunge vun dësem Klassiker auserneegesat. A klenge Gruppe liesen d'Participanten den Text a verschiddene Sproochen (Englesch, Franséisch, Däitsch, Spuenesch ...) a spillen en duerno op Lëtzebuergesch. Dobäi dierfen d'Aflëss vun den anere Sprooche gären an d'Spill op Lëtzebuergesch mat afléissen, sou datt jidderee sech fräi fillt a kreativ mam Text ëmgoe kann.
Den Theateratelier fannt Dir um Site vun der Bibliothèque nationale du Luxembourg
"Eis Sprooch beim Bäcker"
Zilpublikum
Fir Erwuessener, virun allem där, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen
Organisatioun
Actioun Lëtzebuergesch – Eis Sprooch
Wéini
Vum 26.09.25 bis Enn Oktober
Wou
Sozial Medien
Kontakt
Actioun Lëtzebuergesch-Eis Sprooch
Beschreiwung
Vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, dem 26. September un, fannt Dir op de soziale Medie kuerz Filmer, déi typesch Situatioune weise vu Leit, déi bei de Bäcker Schneekereie mat hire Lëtzebuerger Nimm akafe ginn. D'Zil vun dëser Initiativ ass et, typesch Ausdréck ze léieren. Léiwer eng Mëtsch oder e Kaffiskichelchen?
Publikatioune fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
À propos
À propos ass eng Brochure vum Service information et presse (SIP) iwwert d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg. Si gëtt en historeschen a soziologeschen Iwwerbléck iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch an de Gebrauch vun de Sproochen am Land, alles wat esou typesch ass fir de Lëtzebuerger. Déi Brochure gëtt op der 4e am Secondaire an an den internationale Schoulen, an der Erwuessenebildung, an de Gemengen an op villen anere Plazen ausgedeelt. Et kann awer och all Bierger sech se iwwert de Site vum Service information et presse ufroen.
De Konterbont
De Konterbont, den digitale Magasinn vun der Association Autisme Luxembourg a.s.b.l. iwwert d'Liewen zu Lëtzebuerg an all senge Facetten a Faarwen. Fir de 26. September kënnt eng Spezialnummer mat enger Dosen Artikelen iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch eraus.
De Piwitsch
D'Zäitschrëft vum Educatiounsministère fir Schüler vun 8 bis 12 Joer befaasst sech mat der Lëtzebuerger Sprooch a gëtt Äntwerten op Froe wéi: Wou kënnt se hir? Wat mécht se besonnesch? Wie schwätzt se? De Piwitsch bitt awer och eng Rei vu Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch un.
EDI
Den Infomagasinn vum Educatiounsministère fir d’Elteren, bréngt eng speziell Säit iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch an d'Méisproochegkeet eraus, a stellt de Programm vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Schoul vir. Déi auslännesch Eltere kréien och erkläert, firwat et sënnvoll ass, datt hir Kanner Lëtzebuergesch léieren.
De Panewippchen
De Panewippchen, d'Zeitung vum Panda Club vum Naturmusée, déi véiermol am Joer erauskënnt a sech u Kanner tëscht 6 an 12 Joer riicht; se bitt vill Informatiounen iwwert d'Déieren-a Planzewelt. De Panewippchen thematiséiert a senger Septembereditioun d'Lëtzebuerger Sprooch am Kontext vun der Méisproochegkeet.
Versão em português
O dia 26 de setembro é o Dia Europeu das Línguas, um dia em que todas as línguas e culturas da Europa, bem como o multilinguismo individual, são celebrados, e todos são incentivados a aprender uma nova língua. Como estamos num país onde o multilinguismo é vivido no dia a dia, celebraremos igualmente, a partir deste ano, a língua luxemburguesa neste dia especial. Este ano, o Dia da Língua Luxemburguesa tem como lema:
Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt (Vamos falar – O luxemburguês cria laços).
Descubra o programa completo deste evento aqui: Programa do Dia da Língua Luxemburguesa (Pdf, 354 Kb)